Di jonk an al Oochener Studenten hu mat dem “Oochener Student”, ee veräinseegent Lidd, wourop si ausgesprachen houfrig sinn, well dat huet nit all Club. Och Joerzengten no séngem Entstoën fillen sech d’Leit nach vum Text ugesprach. Wuel well sou vill der sech an di beschriwwe Situation kënnen afillen, sief et dass si selwer eng sollech Situation bei sech gesinn oder gefaart hu kommen, sief et dass si een kennen deem et esou gaangen ass.
Zum Auteur
Geschriwen, also gedicht guff d’Lidd vum Marcel Belche alias Bab. Ganz eleng, den 21. Mee 1992 Moies op der Toilette. Just bei der letzter Strophe huet den Julchen, vulgo Jules Theis, him e bessi gehollef, waat een leider och mierkt *g*.
D’Lidd guff am WS 1992/93 an der Veräinszeitung Um Karel fir d’éischte Kéier publizéiert.
De Bab huet vun 1989 bis 1993 zu Oochen Maschinebau studéiert, ier him bal dat nämlicht geschidd ass, wéi dem Held a sengem Lidd: Hien huet säi Studium zu Oochen oofgebrach, an huet op Liek gewiesselt, wou hien “Educateur gradué” guff.
Den excellente Musikant ass, onses Wëssens no, och ëmmer nach wéi deemols aktiv bei den Zolver Knappbléiser1 derbäi.
Erläuterungen
Gesongen get d’Lidd op d’Weis "Mariechen war ein Frauenzimmer. Verbreet ass och d’Fassung “Sabinchen war ein Frauenzimmer“, sou ze fannen z.B. am volksliederarchiv2
Genau wéi d’Original ass och dest eng Moritot, een Bänkelgesang mat moralischer Intentioun: De Jong huet nit gefollescht, war ze kéng, a get mat engem tragischem Enn (vum Studium a Mëssuechtung duerch d’Famill) bestrooft.
D’Iwwerschrëften zum folgenden Text, sinn nit original, mee aus didaktische Grënn vum Webmaster3 agefügt; si gi nit matgesongen.
Den Text vum “Oochener Student”
-
Strophe: op der Foire de l’étudiant.
Ee Jong, dee wollt emol studéieren,
dee froot sech, waat machen ech elo
wéi hien sech do wollt informéieren
woor och een vun Oochen do
dee soot, et geet näicht iwer Oochen
an d`Uni daat as déi bescht
dee Jong deen huet sech daat unhéieren
a soot sech, daat do kléngt net schlecht! -
Strophe: d’Aschreiwung
Kuerz drop, huet hien sech ageschriwen
op der RWTH
de Papp, den duecht, mäin Jong as duerchdriwen
daat do, daat geet an d`A
de Jong de soot, guer näicht!
Schliesslech sin ech domm
An ausserdem hun ech méng Première
a sin e seriöse Jong -
Strophe: Gudd Virsätz
D`Semester daat huet ugefaangen
an hien wor och der bäi
hien as an all Vierliesung gaangen
an sutz an der éischter Rei
daat do daat sin einfach Saachen
daat as jo alles kloer
Ech mengen, ech werd mäin Ingénieur maachen
a manner wéi fenef Joer -
Strophe: den ale Kollesch
Manm Äifer wor et schnell gedoen
et woren emol kéng véierzéng Deeg
wéi hien do an säi Cour wollt goen4
do trefft hien een aale Kolleg
“Du bass och hei zu Oochen ?
Ma daat as eng fei Saach”
Den Frend deen soot, “daat do as fantastisch,
lo get mol eng Rull gemaat! “ -
Strophe: op den Dësch, op den Dësch
Deen éischten Bistrot, wou si du gungen,
do wor et wierklech uereg
all déi, die op den Descher stungen
déi koumen vun Letzebuerg
jet Humpen huet hien konsomméiert
hien haat eng deckeg un
den Dag drop, guff näicht méi geléiert
well de Jong war net gudd drun -
Strophe: daat éischt Semester
Die nächst Deeg, Wochen a Méint
do gung et net anscht erof
an huet et him zevill gedréint
dann huet hien am Bistrot geschloof
hien heut gesoff a gefeiert
hien wor den Béierheld
a wéi die éischt Klausuren kummen
huet hien se oofgemeld! -
Strophe: di nächst Semester
Di nächst Semester guff nach emmer,
alles drop gemaach
et gouf souguer, nach vill schlemmer
an d`Liewer guff méi haard
a schliesslech no etlech Semester
koum daat, waat hien net wollt
dun as hien am drette Semester
koum daat waat hien net wollt
dun as hien am drette Semester
ratzekal duerchgetrollt! -
Strophe: d’Moral vun der Geschicht
Säi Studium as elo gschas
kee Frang mé hannen a vier
a wéi hien zréck op Letzebuerg komm as
stungen d`Valissen virun der Dir
dofir Leit loost Iech beléieren
a maacht kéng sou eng Gaffen
drenkt Dir gären eng etlech Béieren
da gidd dach nemen schaffen!
- http://harmoniedesoleuvre.lu/ [↩]
- http://www.volksliederarchiv.de/text659.html [↩]
- Daniel Erpelding. [↩]
- De BAB selwer huet di Zeil am Karel vum WS 1992/93 als “Wéi hien nämlech a sei Cours wollt goen” uginn. Dat zweesilbischt Wuert “nämlich” séngt sech awer nit sou gutt, nit all Chouer kritt dat hinn. Dowéinst huet et sech agebiergert, hei just “do” ze sangen. [↩]
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.