Footballsmatch 7:1 verluer

Dest Joer hunn di al Säck just 7:1 géint di Jonk vum AVL verluer.


Gespillt guff zu Mamer um Terrain. Verluer hu mir, trotz weiblicher Ënnerstetzung durch d’Cecilia, an obwuel mir ee Feldspiller méi haten leider 7:1.

Gegrillt guff herno, anescht wéi an der Invitatioun ugekënnegt am Paschtoueschhaus zu Bertrange an der rue de la fontaine.

Dono guff sech ausgetoscht, ënnert anerem iwwert de Männerchouer an dem Dirigententheis säi Plang, e Männerchouer fir di Al ze grënnen an et guffen schéin nei an al Studentegeschichte getoscht, ënnert anerem deeër vun deenen zwou glorräischen REELën, di zu Oochen an de letzte Joeren stattfond haten.
Insgesamt kann ee soen dass di jonk Al (Lux, Schrulli a Piggel) di ganz Saach tiptop organiséiert haten.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.