Amicale


Dest sinn d’Säiten vum meeschtens kuerz “Amicale” genannte Veräin vun den ehemalige letzebuerger Studenten vun Oochen , mat vollem Numm Amicale des Anciens Etudiants de l’école Polytechnique d’Aix-la-Chapelle. Wëll mir zu Oochen (dt. Aachen) studéiert hunn, heescht eise Website och aachen.lu Fir hier Zieler ze erreeschen, organiséiert de Comité vun der Amicale all Joër eng Rëtsch Aktivitéiten. Doniewt get et och längerfristig Projet’en, wéi den AVLhistory.

Wien ass d’AMICALE ?

D’Amicale des Anciens Etudiants de l’Ecole Polytechnique d’Aix-la-Chapelle
sinn Absolventen vunn der RWTH Aachen oder, zenter 2003 och vunn aneren Oochener Héichschoulen wéi der FH Aachen, si ginn an der Ëmgangssprooch "Aal Oochener" genannt, fir se vunn den Letzebuerger Studenten zu Oochen ze ënnerscheeden, déi am Akademischer Verein d’Letzeburger (AVL ) zesummengeschloss sinn.

D’AMICALE gung aus dem sougenannten "Altherrenverein des AV d’Letzeburger" ervir, d.h. virum II Weltkrich war sie een Deel vum AVL.

wien kann Member ginn?

  • Jiddereen den een Oofschloss vun der RWTH Aachen oder enger
    anerer Oochener Héichschoul huet kann aktiven Member ginn (cf. §5),
  • jiddereen den grouss Verdingschter em eis Amicale, oder em eis Studenten opzeweisen huet kann Eieremember ginn (cf. §6).