Invitatioun Assemblée Générale 2014

Léif Kolleginnen a Kollegen,

d ‘Joer 2014 ass schonn 2 Méint al an et gëtt Zäit fir déi éischt Aktivitéit vun der Amicale. Dofir invitéiert iech de Comité en Donneschdeg, den 20. Mäerz um 19:30 an de Restaurant L’Ultimo (83, Route d’Arlon, L-8211 MAMER) op d’

Assemblée Générale 2014

 

Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer:

v     Allocution vum President

v     Aktivitéitsrapport vum Secrétaire

v     De Bilan aus der Siicht vum Trésorier

v     Décharge vum Comité fir den Exercice 2013

v     Wal vun de Comité‘s Memberen. Folgend Memberen si sortants a rééligibles:

      Daniel Erpelding an Tom Nickels

v     Virschau op d ‘Aktivitéiten fir d ‘Joer 2014

v     Verschiddenes

 

Uschléissend géife mer zu dem kulinareschen Deel kommen wou mer op der Plaz tëscht 4 Entréeën a 6 Haaptplaten wiele kënnen. De Präis läit jee no Haaptplat tëscht 19,5€ an 23,5 €. Ween da nach Honger huet kann sech mat engem Dessert à la Carte verwinne loossen.

De Menü fannt der e puer Deeg virdrun op:

http://www.espaces-saveurs.lu/lultimo_menusdumoment.php .

 

W.e.g. umellen bis den 17. März, am einfachsten hei:

[lop3 h=”1393337924″]

 

Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag fir d’Joer 2014 onverännert bei 15€ läit. Hei eis Kontosnummeren:

CCPL :  LU82 1111 0443 2593 0000
BILL :  LU79 0027 1005 3380 0000

 

 

Mat beschte Gréiss,

Fir de Comité

Michel Asorne

 

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.