Pic-Nic op Nationalfeierdag 2014

Léiw Al Oochener,

heimat luede mer iech häerzlech an op eise

Pic-Nic op Nationalfeierdag

Méindes den 23. Juni

vun 11h30 un

op der Drëps

(Thillsmillen, tëscht Mamer a Koplescht)

 

Bei fantasteschem Wieder a wonnerbarer Stëmmung bidde mir iech folgende Programm:

Aperitif

Leckeres vum Grill mat allem wat dozou gehéiert

Dessert a Kaffi

Sportlech Betätegung fir déi déi nom iessen nach kënnen (Pétanque oder sou)

Puddelen an der Baach fir d’Kanner

(also vergiesst net eng zweet, drëtt Garnitur anzepaken…)

 

W.e.g. mellt iech bis den 18. Juni hei un:

 

Hei nach ee klengen Ausbléck op eis aner Aktivitéiten dest Joer:

12. Juli 2014 Fussball géint dei Jonk Mamer
Oktober 2014 Keelenowend Gidd der nach gewuer
15. November 2014 AGAPE A Guddesch zu Biereng

 

An der Hoffnung iech zuelräich ze gesin, de Comité

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.