Léiw Keeleraiber,
den Hierscht as do, duerfir gin dei meescht sportlech Aktivitéiten rem no bannen verluegt.
De 15. Oktober um 19:00 as dann och
eisen traditionellen Keelenowend
zu Koplescht
am Café op der Bréck.
Menu vum Owend as am Prinzip
Ham, Fritten an Zalot.
Wa lo een domat net frou as, soll e mer dat matdeelen, da kann de Kach bestemmt och eppes aneres zauberen.
Weider Informatiounen fannt der op http://www.opderbreck.lu.
Umelle kennt konnt der iech hei:
Entschellegt déi spéit Matdeelung, mee si mer Éierlech, dir hat eech den Datum jo souwisou schon opgeschriwwen ;)
Vergiesst och net iech de 7. November fir d’AGAPE zu Biereng fräizehalen.
Gudd Holz!
Piggel
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.