Rapport vum Grillfest 2016

Dest Joer war et fir d’zweet dass mir eist Grillfest, wat an Oochener Kreeser traditionnell och nach gären mat dem Euphemismus “Picnic” verharmlost gëtt, op dem CNL zu Stadtbredimus gemeet hunn. Dowéinst war et och méi liicht ze fannen.


Allerdings huet de Guy och dest Joer nach eng Kéier e puet Leit iwwert Telefon gehollef fir et ze fannen, an zwee Membere si verluer gaagen. All di aner hunn et fond, letztlich waren folgend Memberen do:
Vum Comité: de Schrulli, Philippe Gengler, Guy Lux, Chris Even, Caroline Gaspar, Sophie Hellinghausen, de Wiesel, Michel Asorne, André Detaille a Paul Nathan,
souwéi den Dan Thein, den Hoschi, Yves Heynen, Christian Pauly, Danielle Frères, Alain Heynen, Vincent Bauer, Elke Peterhänsel, Pascal Theis, Leo Hirtt, Claude Bellot, Boden Claude, Jacques Meisch, Christian Gatti, an de Suff.
Als éischt sinn d’Leit agetraff an hu sech mol installéiert, derweil hunn de Chris an de Schrulli alt Feier gemeet. Di zweet hunn och di meeschten Zäit op d’Fleesch opgepasst, sporadisch ënnerstetzt vun diverse Memberen, wat bei deeër Hëtzt keng einfach Tache wor. D’Kanner hun derweil sech Ofkillung verschaaft andeems se sech géigensäitig, al deelweis hier Elteren an Frënn, mat Waasserpumpguns a kuerz Zäit bis dass een hinnen en eweggeholl huet, regelrecht souguer direkt mat dem Schlauch naassgespritzt hunn.

Dono guff giess, d’Kanner hunn alt um Trampolin trainéiert an et guff sech ënnert dem Zelt vun der Hëtzt erholl.

Iergendwann ass dunn de Guy komm a sot, d’Boot wier geschwënn prett an huet e Plang opgestallt. Leider sollt deen “aus betriebliche Grënn” nach e puer mol duercherneen gehäit ginn, sou dass verschiddener sech hu missten e puer mol un an aus dinn, länger Zäit am Neopreen hu missten schweessen, oder si hu sech soss wéi ofgekillt. Derweil guff alt d’Banane bei d’Waasser geschleeft.

An du guff Waasserschi gefuer, mat der Banane, einfach am Boot matgereest, oder schlicht nogekuckt. Oder och nit. Owes spéit huet de Schrulli dann nach eng Kéier opgeluegt.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.