Léif Kolleginnen a Kollegen,
ech hoffen dir hudd d‘Joer souwäit gudd ugefaang. Et steet och schon déi éischt Aktivitéit vun der Amicale un, dofir luede mer iech en Mëttwoch, de 15. Mäerz um 19:30 an de Restaurant L’Ultimo (83, Route d’Arlon, L-8211 MAMER) an op d’
Assemblée Générale 2017
Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer:
- Allocution vum President
- Aktivitéitsrapport vum Secrétaire
- De Bilan aus der Siicht vum Trésorier
- Décharge vum Comité fir den Exercice 2016
- Wal vun de Comitésmemberen. Folgend Memberen si sortants a rééligibles:
Michel Asorne, Jens Christiansen, Christian Even, Louis Philippe a Pierre Schweig. - Virschau op d‘Aktivitéiten fir d‘Joer 2017
- Verschiddenes
Uschléissend géife mer zu dem kulinareschen Deel kommen wou mer op der Plaz tëscht e puer Entréeën an Haaptplaten wiele kënnen. De Präis läit jee no Plat tëscht 25€ an 30€. Wien dann nach net genuch huet kann sech mat engem Dessert à la Carte verwinne loossen. Inspiréiere kennt der iech scho mol op http://www.espaces-saveurs.lu/lultimo_menusdumoment.php.
[lop3 h=”1488734112″]
Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag fir d’Joer 2017 onverännert bei 15€ läit. Hei eis Kontosnummeren:
CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
BILL : LU79 0027 1005 3380 0000
Mat beschte Gréiss,
Fir de Comité
Pierre Schweig
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.