Invitatioun 120 Joer AVL

Léif Al Oochener,

Den AKADEMISCHER VEREIN D´LETZEBUERGER ass 1897 gegrënnt ginn, demno feiert de Club dëst Joer e ronnen Gebuertsdag. Fir dëst gemeinsam ze feieren, invitéieren Iech d´Oochener Studenten ganz häerzlech op hier

120 Joer AVL Feier
vum 16.-18. Juni zu Oochen.

D´AVLer hunn folgenden flotten Programm op d´Been gestallt:

  1. Juni: 18:00 Ponttorfeier am Forum M
  2. Juni: 14:00 Visite vum Centre Charlemagne – 19:00 Ratskeller mam Thema „Maskebal“
  3. Juni: 12:00 AVL-Beach-Tournoi um Laurensbierg

Weider Detailer zum Programm fann Dir an deser offizieller Invitatioun vum AVL (PDF).

Umellen kenn Dir Iech bis den 4. Juni direkt beim AVL per Mail op gerard.gelz@avl.lu.

Bis zu dësem Stëchdatum sollen och d´Frais de participation vun 90€ op den Konto vum AVL iwwerwisen ginn: LU18 0019 1755 6653 8000.

An dësem Präis sinn d’Visite, den Aperitif an d’Iessen am Ratskeller, sou ewéi d’Iessen an d’Gedrénks vu Sonndes mat abegraff.

Denkt och drun mat Zäit ären Hotel ze reservéieren, ze recommandéieren wier hei den Aquis Grana Cityhotel beim Büchel.

Flott wier et wann Dir den Doodle ënnert folgendem Link http://doodle.com/poll/8mpcr4d4xxq4thta bis den 22. Mee géift ausfëllen fir dass mir eng éischt Iddi kréien wéi vill Leit Interessi hunn matzegoen a wien deen ganzen Weekend wëll zu Oochen verbréngen. Ofhängeg dovun organiséieren mir entweder e Bus fir gemeinsam op Oochen ze fueren oder mir koordinéieren eng Fuergemeinschaft.

 

Léif Gréiss,

Fir de Comité

Sophie Hellinghausen

1 Trackback / Pingback

  1. 120 Joer AVL: “Ponttorfeier” iwwert der Mayerschen – Aachen.lu – die Aal Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.