Rapport vum éischte Fréihjoërskeelen

Nodeems mir op der Generalversammlung vernomm haten, dass eis Leit sech nees méi Manifestatiounen vum Club ginge wënschen, hu mir eng Traditioun aus den 1980er revitaliséiert an dest Joer hu mir den 31. Mee och mol ërem eng Kéier am Fréijoer Keelen gespillt! D’Caroline hat eis nees de Café op der Bréck zu Kopelecht reservéiert, wou mir lo schon dräimol am Hiecht Keele gespillt haten.


Dem Sophie senger Invitatioun sinn dann och 16 Leit nokomm, a mir hunn eis mol gemittlich op der Terrasse installéiert. Souvill waren der sech der och ugemellt, allerdings woren et nit zu 100% diselwicht di koumen.

Mir hu gepotert, nach e bessi Comitésgespréicher gefouert, de Präsident huet nees Reklamm gemeet fir säi Lieblingsprojet: Ennerstëtzung fir e neit Buch fir d’125 Joerfeier 2022 zu Oochen zesummekréien an huet alt schon mol dat vun 1997 gewisen, wat och vill Uklank fond huet. Mir hunn de Fréijoersgeräucher vun eeleren Hären op Motorrieder an Pupertéierenden op véier gelauscht an iergendwann guffe mir eran op d’Keelebunn geruff, do hu mir dann emol giess: Ham, Fritten an Zalot, a fir eenzelner Pizza. Et wor och ee Spiller mat véier Been mat komm, mee deen huet nit dierfen mat iessen!

Zum Gléck, wéi sech sollt erausstellen, well leider koum nom zweete Plättel Ham awer keng méi no, an den Tom huet seng een Härz gefaast a gefrot, firwat si sou laang briechten. Erstaunt si mir du gewuer ginn, et wier alles! Zur Erklärung: si haten umn Telefon just mat dem Caroline an dem Sophie ze dinn an du messerscharf geschloss, et wier een rengen Damenowend an di gingen nit méi iessen! Dass du virun allem jonk al Oochener Männer Ugangs 30 do wieren, hat se dann e bessi iwwerfuerdert, mee si sinn eis dunn alt mat dem Präis entgéint komm.
Dunn awer guffen d’Klatzen geheit!

D’Piste war schwierig ze spillen, well wéi mir traurig vernomm hunn, hält de Wiert dest Joer nach op.
Folgend Leit waren do:

  1. Michel H.
  2. Claude B.
  3. Molch
  4. Simone
  5. Pit
  6. Anne
  7. Jacques
  8. Fränk Z.
  9. Dax
  10. Maryse D.
  11. Sophie
  12. Christian P.
  13. Tom H
  14. Christian J.
  15. Hansi
  16. Caroline
  17. Wiesel

Eng Equipe huet gewonn, di aner verluer, mee frou waren mir all! Am Hiercht gi mir dann nach eng Kéier Keelen spillen, menges Wessens no op Ehlange un der Mess.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.