Invitatioun fir d’Agape

Léiw aal Oochener,

Heimadder welle mier Iech an Är(e) Conjoint(e) fir den 15. November 2008 op déi traditionnel Agape vun den „Aalen Oochener“ invitéieren. Mer feieren zesummen vun 19:30 un am Restaurant „Re’ser Stuff“ (32, Grand-rue zu Roeser).

De Kach proposéiert Iech dëst Joer folgend Menuen mat Fleesch oder Fësch zum Präis vun 58€ (inclusiv Apéritif a Softdrinks während dem Iessen):

L’éveil du Palais

La Couronne de Scampis / Fondant de Risotto au Parmesan

La Noisette de Biche Grand-Veneur (Menu Viande)
ou
Le Blanc de Barbue aux Epices / Filament de Mangues (Menu Poisson)

Le Mikado de Sorbets / Mini Mousse Gourmande

Le Moka et Mignardises

Fir déi richteg musikalesch Ambiance as natiirlech gesuergt a mer si gespaant op de neie Programm vum weltberühmten Oochener Männerchouer. An ee vun Iech wärt des Joer dann och erëm mat enger gudder lëtzebuerger Haam heem fueren.

Mellt Iech w.e.g. bis de 7. November iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President oder bei mär un (louphi@pt.lu / Tel: 388444 / michel_asorne@bce.lu)

Bis geschwënn

Michel Asorne – Secrétaire Louis Philipe – Président

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.