Die Jonk fueren op Berlin!

Haut liesen ëch am Courrier vum AVL, dass sie dest Joër hiere Fréierjoërsausfluch op Berlin plangen! Eng gudd Idii wéi ëch denken. E bessi Angscht maachen sie mir allerdings schon, wëll ëch hun de Verdacht, dass sie daat Unterfangen nit nëmmen ganz eescht huelen, mee och souguer eng gewësse religiéis Inbrust dobäi entwéckelt hunn! Wëll den zoustännige Comitésmember nennt sëch nit méi Kultur- mee anscheinend "Kultusminister"! Hei hieren E- Bréif:

Salut léif AVLer,

wéi der vläit schon wësst wäerten mer dëst Summersemester vum 29.5.-1.6. (Fréides-Méindes, Méindes fänkt Exkursionswoche un an ass en Feierdag) eng kulturell Visite op Berlin maachen. Berlin! Berlin! Wir fahren nach Berlin!

Hei lo mol e puer Informatiounen zu der Reess.

Bezuelen:

Wann bis feststeht, wéi mer dohinnkommen

Transport:

  • Déi einfachsten Art an Weis op Berlin ze kommen ass mam Auto. Käschten wäerten, wann een mat 3-4 Leit pro Auto rechent, dann bei +-25 Euro/Persoun leien. Et brauch een 5-6 Stonnen bis dohinner, je no Verkéierslag. Wann genuch Leit sech bereed erkläeren, hieren Auto zur Verfügung ze stellen, dann kommen mer sou am prakteschsten dohinn. All Auto brauch eng Umweltplakette.
  • Eng zweet Alternativ wir, mam Zuch dohinn ze fueren. Mam bëllegsten Tarif (an am Zesummenhang mam NRW Ticket, deen mer ab nächstem Semester hunn) géif dat +-60 Euro/Presoun kaschten. Fir dohinn bréischt een 7 Stonnen (2 mol emklammen), fir zeréck iwwer 8 Stonnen (3 mol emklammen). Dat gëtt et natiirlech och am bëssen méi séieren, mee géif dann och direkt en Stéck méi kaschten (+20-40 Euro, 6-7 Stonnen, 1mol emklammen).
  • Fliiger? Déier! ;)

Bezuelen:

Wann mer bis méi Detailler zum Transport hunn, dann leen mer en fixen Präiss fest, deen jidfereen deen wëll matgoen muss iwwerweisen, fir sech definitiv unzemellen.

Schlofen:

Mir schlofen an der A&O Hostel Berlin Mitte an der Geigend vum Ostbahnhof. Präiss fir 3 Nuechten inkl. Frühstück: 71,5 Euro.

Programm: (nach net definitiv)

  • Freides: Moies fréi fortfueren. Mëttes Visite vum Regierungsviertel an Unter den Linden an alles wat et do ronderem ze kucken gëtt. (Reichstag, Hauptbahnhof, Brandenburger Tor, Mahnmal etc). Owes: Party!
  • Samschdes: Moies: Motivéiert Leit: duerch den KaDeWe an iwwert den KuDamm trëppelen. Midd Leit: schlofen. :) Mettes: Third Reich Berlin, eng gefouerten Tour duerch Berlin mat allen wichtegen Detailer an Schauplätze vum 2. Weltkrich zu Berlin. Käschtepunkt: +-10 Euro, Dauer: 4 Stonnen. Owes: mol kucken.
  • Sonndes: Moies: Berliner Unterwelten: eng gefouerten ennerierdesch Visite am Zeechen vum kalen Krich duerch eng U-Bahn, déi net méi an Betrieb ass,an duerch verschidden Bunkeranlagen. Dauer: 90min, Präiss: 9 Euro. Mëttes: Visite vum Berliner Zoo oder vum Naturkundemuseum, je no Interesse. Owes: Fir Fussballfans: DFB Pokal Finale kucken (Public viewing). Fir net Fussballfans: eng gemittlech Plaatz fannen wou keen Fussball leeft an een drénken. :)
  • Méindes: Moies: Kummeren raumen. Dono Brückenfahrt: mam Schëff iwwert d’Spree ronderem den ganzen Zentrum vun Berlin. Dobäi eppes Iessen, schlofen, Brécken zielen, d’Stad bewonneren, je nodeem. Dauer: max. 3.5 Stonnen, wann mer déi ganz Tour maachen. Präiss: 17 Euro. Dono vläit nach bëssen duerch d’Stad trëppelen an dann iergendswann sech op den Wee fir zeréck maachen (nometteg/fréien Owend/Zuchplang).
  • Ausserdem wollten mer nach zesummen mat den Berliner Studenten feieren an deemno wéi och nach d’lëtzebuergesch Ambassade besichen goen. Do stinn allerdengs nach keng Detailler fest.

Schéin, gell? An dat bäscht ass, et sinn souguer nach e puer Plaatzen fräi, maacht Iech bäi!

Fir déi déi ugemellt sinn: ween wier bereed mat sengem Auto dohinn ze fueren?

Fir all weider Froen oder Ureegungen, schéckt eng Mail un comite@avl.lu.

Bis dann

Den Kultusminister

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.