MàJ Website: Fusion, Kallenner, Procuratioun a Lidderbuch

Dem engen oder aneren ass et villäicht schon opgefall dass ëch e puer kléng Ännerungen um Site virgeholl hunn:

  • Mir hunn een neie Layout: den heescht lo Fusion. Ech hunn e missten e bessi modifizéieren, mee lo kënnt Dir z.B. des Säit ouni d’Menu’en (Sidebar) ausdrécken loossen.
    fusion
    fusion
  • Momentan get d’Kallennersoftware erneiert. Sie baséiert op enger Software die een Englänner geschreiwen huet. Et hunn awer e ganze Koup Fonktionalitéiten mussen derbäi geschriwen ginn, wéi z.B. Wou ass ?, Ass den Termin schon bestätigt?, a virun allem “Umelden” etc. Et klappt nach nit alles, mee dir kënnt awer lo schon d’Agenda an de Kallenner konsultéieren. An desem Kallenner werten, anescht wéi an der Agenda och Datummer agedroën ginn, die mir nit selwer organiséieren, mee die mir denken, interessant fir die Oochener kinnte sinn. (z.B. AVL an Alumni)
  • Procuratiounsvirdrock ausgefelltWien een CCP huet, an nit all Joër wëll drun denken fir d’Cotisatioun ze bezuelen kann eis jo eng Procuratioun ausstellen. Vun desem Virdrock guff eng nei Versioun opgespillt, wou Dir d’Felder och kënnt selwer ausfëllen. Ennerschreiwen musst dir awer noch mat der Hand :-)
  • An zu gudder Lescht, wollt ëch nach drop opmierksam maachen, dass Dir dem Sylvain säi Lidderbuch vu 1990, lo och als PDF kënnt konsultéieren (Léisst sëch méi liicht printen)

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.