Invitatioun fir de Pic-Nic 2009

misch-grill

Leiw jonk an aal Oochener,

wéi an de vergangene Joeren invitéiere mer Ierch mat ärer Famill och dest Joer op Nationalfeierdag, Dënstes den 23. Juni, op eisen traditionelle Pic-Nic.

Mer hun eis op eiser neier Grillplaatz op der Thillsmillen gudd ageliewt a Jonk an Aal freet sech elo schons op d’Editioun 2009 vum Pic-Nic « op der Dreps », am Bësch hannert der Thillsmillen tescht Mamer a Koplecht.

Vun 11:30 un si mer op der Plaaz an offréieren den Aperitif éier dann e gudde Maufel vum Grill zervéiert gët. Zalooten, Gedrénks, Dessert a Kaffi hu mer natiirlech och erëm derbäi.

Nomettës kann da jidderee seng Verdauung bei enger Partie Petanque ureegen oder mat de Kanner an der Baach puddelen.

Denkt w.e.g. drun fir äre Kanner e Puer Stiwwelen an eng oder och zwou extra Garnituren drechent Gezei anzepaken .

Umelle sollt der Iech bis den 18. Juni op eisem Internet-Site http://test.aachen.lu oder mellt iech einfach beim Louis (louphi@pt.lu, 388444) oder bei mär (michel_asorne@bce.lu, 691-391332).

Bis geschwënn

Michel Asorne – Secrétaire Louis Philippe – Président

Kuck och

[kw-calendar do=”participants” event_id=16 ]

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.