Neies zu de Memberen; Hierscht 2010

Mir begréissen nees e puer nei Memberen:

  • De Marc Cloos, war och schon op der Agape präsent
  • De Michel Hansen, dito. Huet sech nach als Student ugemeld a folgerichtig matgesongen. Ass awer nach während der Versammlung konvertéiert an huet säin Diplom gezuckt.
  • Da nach de Jan Even, de war souwäit ech wees mol zu Oochen am Comité,
  • Dann deelt den Tom mir nach mat, dass mir och d’Loni Friederici an eise Reihe begréissen dierfen

Leider si mir och gewuer ginn, dass mir eis dest Joër och hu misste vu laangjährige Memberen verabschieden. Wéi eis matgedeelt guff si gestuerwen:

  • De Jean Molenda
  • de Jean Kremer
  • an den Nilles Ed

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.