Invitatioun fir den Trëppeltour zu Vianden

Léiwen aalen Oochener,

déi éischt Aktiviéit vum Joer lackelt eis erëm an d’Natur. Mir invitéieren Dech an deng Famill op eisen

Trëppeltour zu Véinen


Den 13. Mee 2012 gi mer eis um 10 Auer Rendez-Vous zu Véinen beim Parking vum Sessellift (Parking Larei). Zesumme loosse mer eis bis op 440m zéien fir vun hei aus gemittlech bei d’Schlass ze trëppelen. Uschléissend bleiwt eis nach Zäit fir eng Viste vum mëttelalterlëche Schlass zu maachen.

Hongerech maache mer eis dann op de Wee op Wuelessen (Wahlhausen) fir an der Eislécker Stuff defteg zu Mëtteg z’Iessen (d’Spezialitéit vum Haus si „Grillades au Feu du Bois“). Mer probéieren een oder zwee gënschteg Menüer fir Iech auszehandelen.

Fir déi déi es da nach nët genuch un, proposéiere mer en Ausfluch an den Héichseelpark „Indian Forest“. Méi Informatioun heizou fannt dir op http://www.vianden-info.lu/francais/loisirs/indian-forest . Mir roden Iech selwer ze reservéieren iwwert den Internt Site oder iwwert d’Nummer 691-901223.

Melld Iech w.e.g. un bis den 8. Mee op eisem Internet Site http://test.aachen.lu.

Fir de Comité

Michel Asorne (secrétaire)

[lop h=”1335602655″]

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.