Invitatioun fir d’Grillfest 2012

Léif jonk an al Oochener,

wéi an de vergaangene Joeren invitéiere mer Iech mat ärer Famill och dëst Joer op Nationalfeierdag, Samsteg den 23. Juni, op eisen traditionelle Pic-Nic.

D ‘Adress ass weiderhin onverännert: mer ginn eis Rendez-Vous « op der Drëps », am Bësch hannert der Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht.

Vun 11:30 un si mer op der Plaz an offréieren den Aperitif éier dann e gudde Maufel vum Grill zerwéiert gëtt. Zaloten, Gedrénks, Dessert a Kaffi hu mer natierlech och erëm derbäi.

Fir den Honger ze stimuléieren, organiséiere mer dëst Joer e klengen Trëppeltour virum Pic-Nic. Départ ass um 10 Auer op der Drëps.

Nomëttes kann da jidderee seng Verdauung bei enger Partie Pétanque ureegen oder mat de Kanner an der Baach puddelen.
Denkt w.e.g. drun fir äre Kanner e Puer Stiwwelen an eng oder och zwou extra Garnituren dréchent Gezei anzepaken …

Umelle sollt der Iech bis den 18. Juni op eisem Internet-Site http://test.aachen.lu .

Bis geschwënn

  • Michel Asorne – Secrétaire
  • Louis Philippe – Président

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.