Invitatioun: Ausfluch op Oochen

Léiw aal Oochener,

Um Ufank vum Joer hu mer ugefangen eng Rees ze plangen, déi eis d ‘Geleeënheet bidd zesummen mat eisen Dammen an Hären op d’Plaz vun eisem Studium ze reesen. No engem Gespréich mam Comité vum AVL, hu mer décidéiert folgend flott Aktivitéiten mateneen ze verbannen:

  • Ausfluch op Oochen
  • REEL 2012

Mer proposéieren Iech vum 12 op de 14 Oktober 2012 mat engem Bus op Oochen ze fueren. Hei wunne mer am Hotel Novotel Aachen City, nët wäit ewech vum Elisenbrunnen, Adalbertstrasse asw.

De virleefege Programm gesäit folgendermoossen aus:

Freideg, 12. Oktober 2012

• 17 :00 Départ P&R Howald
• 18 :00 Départ Hosingen
• 20 :00 Arrivée, Check-In am Hotel
• 20 :30 Gemeinsamt Owesiessen am Zentrum
• 22 :00 Méiglechkeet fir un der « Tanzveranstaltung » vun de REELaner am Jakobshof deel ze huelen

Samsteg, 13. Oktober 2012

• 10 :00 Visite technique (Shopping fir d’Damen ?)
• 12 :30 Gemeinsamt Mëttegiessen
• 14 :00 Méiglechkeet um offiziellen Débat vun der REEL deel ze huelen. Thema: “Technischer Fortschritt; von der Wissenschaft getrieben, von der Gesellschaft gebremst?” (Aula 1)
• 21 :00 Dîner-Gala am Energeticon zu Alsdorf (http://www.energeticon.de/)
• 24 :00 1. Retour vun der Navette
• 03 :00 2. Retour vun der Navette

Sonndeg 14. Oktober 2012

• 11 :00 Départ zu Oochen
• 13 :00 Mëttegiessen zu Lëtzebuerg
• 14 :45 Arrivée zu Hosingen
• 15 :30 Arrivée um P&R Howald

De Präis fir d ‘Iessen (3 mol Iessen & Dîner-Gala) an den Transport mam Bus (Aller-Retour & Navetten) ouni Hotel bedréit 150€ op de Kapp. De Präis vun Hotel fir 2 Iwwernuechtungen mat Kaffi läit bei ongeféier 220€ fir en Duebelzëmmer an 200€ fir en Eenzelzëmmer a gëtt op der Plaz bezuelt.

Mellt iech w.e.g. virum 16. September duerch är Iwwerweisung (150€ pro Kapp) op den
CCP LU82 1111 0443 2593 0000 vun der Amicale un.

Fir den Hotel huet den AVL Spezial-Konditiounen ausgehandelt an eng Rei Zëmmeren am Viraus reservéiert. Mer kréien dofir e bessere Präiss, eng nodréiglech Ofmeldung mat Remboursement as awer wahrscheinlech nët méiglech. Reservéiert Äert Zëmmer w.e.g. mat der Mentioun „REEL 2012“ op folgender Adress, e méi genaue Voucher-Code stelle mir Iech demnächst op eisem Site http://test.aachen.lu zur Verfügung.

NOVOTEL AACHEN CITY
Peterstrasse 66
52062 AACHEN
GERMANY
Tel (+49)241/51590
Fax (+49)241/5159599
E-mail h3557@accor.com

Fir de Comité
Michel Asorne

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.