Invitatioun fir d’Agape 2012

Léiwen aalen Oochener,

Heimadder invitéiere mier Iech an Är(e) Conjoint(e) e Samsteg, den 10. November 2012, ab 19h30 op eis traditionnel Agape am CASINO 2000 zu Munneref.

Nom Apero an den Amuse-Bouche proposéiere mir Iech folgende Menü zum Präis vu 65€ (inclusiv Softdrinks während dem Iessen):

Terrine de Foie Gras d’Oie

Moelleux de St. Jacques sur Coulis d’Herbes

Magret de Canard aux Noix

Bavarois Léger Façon „Cheesecake“

Café et Mignardises

Mir gin dovun aus datt de weltberühmten Oochener Männerchouer dëst Joer excellent geprouft huet an op der REEL genuch Geleenheet hat fir hir Gesankskonscht ze perfektionéieren.

Niewt hirem Optrëtt free mer eis awer och op d’Heartbreakers déi fir gudd Laun suerge wärten .

Sollt Dier bei eisem Spill mat der Haam wäit derniewent geroden hun, kënnt Dir um Uschloss vun eiser Soirée är’t Gléck eng weider Kéier am Casino 2000 versichen. Denkt dofir w.e.g. un är Carte d’Identité.

De Casino bidd Iwwernuechtungsméiglechten mat Kaffi un. Reservatioun direkt beim Casino 2000 zu Mondorf (23 611 – 213 oder iwwer internet www.casino2000.lu).

Mellt Iech w.e.g. virum 4. November iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President oder mäer un (louphi@pt.lu / asorne@gmail.com)

Fir de Comité

  • Michel Asorne – Secrétaire
  • Louis Philippe – Président

1 Comment

  1. Di folgend Leit waren do:

    • Anciens:
      • Memberen vum Comité: Asorne Michel, Christiansen Jens, Fischbach Marc, Philippe Louis, SALES Jean-Lou, Tock Marc, Nickels Tom
      • souwéi: Bastian Roland, Bellot Claude, Ensch Marco, Goeckel Tom, Goedert Fränz, Kieffer Alain, Klop Daniel, Mahowald Gast, Theis Pascal, Peterhänsel Elke, Legille Pierre, Jacoby Pit, Reuter Mil, Schmalen Joël, Schrantz Sylvain, Theis Pascal, Wagner Alain, Wampach Mike
    • A vu Säite de Studenten haten eis beéiert:
      • Vum AVL Comité: Joly Christian, Lisa Van Der Weken, Ou-xi Zhan, Pit Halsdorf, Raoul Petry, Rerman Elio (Eenzel Comitardën hunn och matgesongen)
      • a weider vum Männerchouer: Charly Huberty, Marc Weis, Eric Gonderinger, Michel Heckel, Philippe Theisen, Pol Dax, Sacha Hack, Sebastian Schumacher, Tom Hermes

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.