De Sticky Post – oder wéi bleift d’Invitatioun uewen?

De Pique-Nique ka kommen, mir si mat eise Preparativen scho gutt virukomm! Fir dass och d’ Aarbechten nom Pique-Nique, dee jo eigentlech éischter ee Grillfest ass, gutt vun Hand ginn, hunn ech e puer (hoffentlech) brauchbar Gebrauchsuweisungen geschriwwen, z.B.

An nach eng ganz wichteg. Villäicht huet Dir et bemierkt, dass d’Invitatioun fir d’Grillfest lo an der Lescht ëmmer uewen bliwwen ass, obwuel mir weider Bäiträg geschriwwen hunn ? Dëst hunn ech gemeet, fir dass Leit di lo nit sou dacks hei laanscht kucken d’ Plaz, wou si sech kënnen umellen méi liicht fannen ! Wéi geet dat ? Des Gebrauchsuweisung erkläert wéi dat mat dem sougenannte « sticky post » geet ! Dësen Text kopéieren ech lo mol hei hannendrun :

  1. Mir sinn ageloggt, a klicken am Adminberäich op “Posts” an
  2. op “quick edit” bei dem Bäitrach dee soll uewe bleiwen.
    sticky-post
  3. Dono einfach ee Kreepchen bei “sticky Post” maachen.
    sticky-post-quickedit
  4. An nit vergiessen op [update] ze drécken

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.