Rentrée 2013

Léif al Oochener.

Nach ass Schoulvakanz an d’Schueberfouer ass nach nit iwwerstanen, mee mir al Oochener mellen eis zréck starten lo eisen Hierchprogramm.

Den Aktivitéisprogramm Hiercht 2013

Als éischt um Programm steet, wéi schon op eiser letzter Invitatioun ugekënnegt:

Eist Tennistournéier

De Sonnden, den 22. September ab 14:00 zu Moutfort an der Tennishal, Dir kënnt Iech direkt hei umellen!
[lop3 h=”1369322554″]
Gespillt gëtt just am Double (dat ass manner ustrengend), Owes gëtt et eng Klénegkeet z’iessen fir Spiller a Supporter.

Nodeems an de vergaangene Joëren mir do den Generatiounswiessel ze spieren kruet hunn (Tennis war enges Dags out), wellt de Comité een neien Ulaf probéieren.
Mol kucken op mir d’Jugend des Kéier fir des Traditiounsveranstaltung begeeschtere kënnen? A propos, wann Dir nit selwer spille kënnt, ass et och erlaabt ee Stellvertrieder ze stellen, z.B. Är(e) Conjoint(e), oder soss een deen sech den Oochener verbonne fillt.

Opgepasst: Vu dass den Organisatiounsobwand ziemlich héich ass, brauche mir bis den Mëttwoch virdrunner 16 Zousoën, soss loosse mir et sinn.

Eise Keelentournoi

Deen ass dest Joër de 15. Oktober zu Fengig, wou eise neien Eierepräsident de Louis wunnt.
Och dofier kënnt Dir Iech lo direkt hei umellen.

Agape

Hei ginn d’Detailler nach nogeliwwert, mierkt Iech just, dass se nees zu Mondorf am Casino ass.

Grënnung vun engem Amicale eegene Chouer

Eise Kolleesch den Dirigentheis huet am Summer een Opruff gestart fir een eegene Chouer ze grënnen. Desen Opruff gëtt vum Comité selbstverständlich ënnerstetzt. Anscheinend hu sech schon eng Retsch Leit beim Pascal gemellt a mir hoffen op nach weiderer.

Sonstiges

Mir hate mëttlerweil schon e puer Veranstaltungen, liest am beschten an eisem Blog no, wéi di waren
http://test.aachen.lu/blog-archiv/ oder wien léiwer kuckt ass wéi liest, ënnert http://test.aachen.lu/photos/photos2013/

Noch ein Wort in eigener Sache:
Ech wollt d’Rubrique Aachen A-Z mol e bessi eraussträichen. Geduecht ass se als Lexikon, wou dem Lieser ka nokucken, fir den Al Oochener Jargon besser ze verstoen. Genotzt gëtt se mëttlerweil, fir Zusammestellungen ze präsentéieren, etwa eng Lëscht wou mir an de letzte Joëren eis Agape ëmmer haten: A-Z/Agape.

Äre Präsident

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.