Rapport vun der Agape 2014 zu Biereng

Fir d’Agape dest Joer hat nach eng Kéier eisen ale Sekretär de Misch eis op Biering agelueden1.
Wéi ech ukoum waren schon ganze Koup Leit do, haten awer de Problem dass si gefaart hunn, den Apèro misste selwer ze bezuelen. An der Kommunikatioun mat dem Restaurant gëtt et nach Optiméierungsreserven. Nodeems dat awer konnt geklärt ginn hu mir mol eis Gäscht begréisst:


Du hu mir eis mol un d’Descher gesat, an guffen servéiert. D’Iessen hunn di meescht Leit gutt fond, och di zwee Vegetarier waren zefridden.

Tëschend der Entrée an dem Haaptpla hunn di zwee Präsidenten sich un d’Versammlung adresséiert:

à propos, di folgend Leit waren do:

  • Memberen (24):
    Asorne Michel, Biren Robert, Erpelding Daniel, Heynen Yves, Hilger Albert, Hoscheid Serge, Kieffer Alain, Kugener Lex, Kugener Pierre, Lux Guy, Mahowald Pierre, Malget Joé, Miesch Jacques, Peterhänsel Elke, Philippe Louis, Sales Jean-Louis, Schlim Fernand, Schmalen Joel, Schrantz Sylvain, Schweig Pierre, Theis Pascal, Tock Marc, Urhausen Georges, Wampach Marc
  • vun de Studenten (7):
    Bourg Laurent (P), Faust Sven, Maller Steve, Medinger Jeff, Schmol Christophe, Zacharias Joy, Zenner Fränk.

Ingesamt waren mir zu 49.


Entretemps huet och den DJ dee mir fir den Owend engagéiert haten opgeluegt. Et guff virugefrupst an iergendwann (vun e puer wéinige Leit) och gedanzt. Eisen Eierepräsident de Louis huet och dest Joer séng klassisch Saalwette organiséiert: d’Spill mat der Ham. Mir hunn den DJ kuerz ënnerbrach fir dass de Louis konnt e puer gutt Estimatoren luewen an dem Sieger séng Ham iwwerreechen.


Lues ass den Owend ausgeklongen awer no Mëtternuecht kumm nach eng Kéier Stëmmung op: Den Dirigent huet geruff, an d’Sänger si begeeschtert op d’Bühn gesprongen, et guff gesongen:

Den Oochener Student an de Karlspreispotpourri.

  1. De Misch huet d’Sekretariat op der Comitéssetzung vum 5.Mee un de Pierre Schweig alias Piggel weider gereecht []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.