Karting zu Grüfflingen 2015

Léiw Al Oochener,

d’Fréijoer as an eisem Ländchen ukomm, a wichteg sportlech Saisonen wei Formel 1, MotoGP a geschwënn och DTM hun ugefaang. Duerfir hu mer d’Iddi gehat eis dest Joer och emol motorsportlech ze betätegen, an den

21. Mee 2015 um 20:30 op Grüfflingen Kart fueren ze goen.

CIMG1734

Fir dat net jiddereen alleng dohi muss fueren, obwuel dat sech anscheinend fir gudd Letzebuerger sou gehéiert, hu mer 2 Treffpunkte fir den Transport:

  • 18:30 zu Mamer beim Rond-Point vun der Europaschoul.
  • 19:15 zu Housen beim Fussballsterrain.

Mir fueren ee Maxi Grand Prix den aus 10 Minutte Qualifying an 25 Minutte Course besteet, dat misst och jiddereen den net sou un de Karting gewinnt as ouni weideres packen. Wa mer zu genuch Leit sin hu mer d’Piste och fir eis ganz alleng, duerfir mellt iech zuelräich un. Dat Ganzt kascht 38 € (eventuell och besse Manner wann den Trésorier spendabel as) op de Kapp, dei op der Plaz bezuelt gin.

Wien een Helm huet, kann dee roueg matbréngen, et kritt een der awer och fir näischt op der Plaz geléint. Et muss een da just eng deier Cagoule bei hinne kafen oder wéinstens selwer eng matbréngen fir dat een hir Helmer net vollschweesst.

Wann der nach weider Informatioune braucht oder iech de Streckeverlaf scho wellt aprägen, kennt der dat op www.eastactioncenter.be kucken.

Mellt iech w.e.g. sou séier wei méiglech, awer spéitstens bis den 10. Mee un.

[lop3 h=”1428915614″]

Den After Kart Programm decidéiere mer dann spontan no der Course.

Bis dann dann.

Fir de Comité,

Piggel

1 Trackback / Pingback

  1. Fotoen vum Karting 2015 | Aachen.lu – die Aal Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.