Invitatioun fir d’Assemblée générale 2018

Léif Kolleginnen a Kollegen,
Heimadden invitéiere mir Iech ganz häerzlech op déi éischt Aktivitéit vun der Amicale fir d´Joer 2018. Haalt Iech deemno Donneschdes, de 15. Mäerz fräi fir d’Assemblée Générale 2018.
Rendezvous ass um 19:00 am Restaurant “L’Ultimo” (83, Route d’Arlon, L-8211 MAMER).
Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer:

  • Allocutioun vum President
  • Aktivitéitsrapport vum Secrétaire
  • De Bilan aus der Siicht vum Trésorier
  • Den Avis vun de Keesereviseure
  • Décharge vum Comité fir den Exercice 2017
  • Wal vun de Comitésmemberen. Folgend Memberen si sortants a rééligibles: Daniel Erpelding, Tom Nickels a Guy Mahowald. Op dëser Platz kennen sech intresséiert Membere melle fir an de Comité ze kommen.
  • Virschau op d‘Aktivitéite fir d‘Joer 2018
  • Verschiddenes

Uschléissend géife mer zu dem kulinareschen Deel kommen. De genaue Menü wäerte mir Iech eréischt kuerzfristeg kenne matdeelen. De Präis vum Menü läit bei 21,50€ bzw. 28,50€. Mir kommen ab dem 9. Mäerz mat den Detailer vum Menü op Iech zeréck.
W.e.g. umelle bis den 12. Mäerz per Mail op sophiehellinghausen@yahoo.de (d´Umeldung iwwer onsen Internetsite an deeër Form wéi Dir se gewinnt war, ass de Moment net méiglech).
Kuckt och op https://www.facebook.com/groups/al.oochener/

Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag fir d’Joer 2018 onverännert bei 15€ läit. Hei eis Kontosnummeren:

  • CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
  • BILL : LU79 0027 1005 3380 0000

Mat beschte Gréiss,
Fir de Comité
Sophie Hellinghausen

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.