Dem Roemi seng Software fir d’Umeldungen gëtt nit méi benotzt.

Kuerz virun der Generalversammung huet eis al Software, mat deeër een sech ëmmer konnt umellen, leider de Geescht opginn!
Et war dem “Roemi” säi

“List of participants 3” Plugin.

E Plugin ass bei WordPress eng Erweiderung, des guff vun engem Däitschen geschriwwen, deen eng Virléift fir exotisch Béierzorte bekundet hat.
De Virdeel war, si war zimlich robust an halbwegs einfach ze bedingen, well eben nit komplex. Dofir war “d’Tafelbild” nit schéin, mee si huet eis tëschend 2012 an der Agape 2017 huet se eis gutt Dingschter geleescht!

Mee Iergendwann, viru véier Joer huet den Auteur den Interêt u séngem Plugin verluer an e nit méi gepflegt. Nom letzten Update vu WordPress, huet se nit méi funktionnéiert, a dunn hu mir se begruewen. Weider Detailler fënd den interesséierte Lieser op der Säit vu WordPress:

https://wordpress.org/support/plugin/list-of-participants

Als letzt Würdigung, kopéieren ech heihinner dann elo d’Gebrauchsanweisung vum LOP3, di mir lo och nit méi gebrauche können:


Al Gebrauchsanweisung: Wéi maachen ech e Formulaire fir sech unzemellen?

Fir dass eis Memberen sech kënne fir d’Veranstaltungen umellen a fir dass mir ein Lescht vun den Umeldungen kréien, muss den Eventmanager pro Manifestatioun ee Formulaire erstellen.
Dofir benotze mir eng Software, di nennt sech “Participants 3”. Si ass e bessi amateurhaft gemeet, allerdings ass se gratis an de Mann schéngt eppes vun der Matière ze verstoën1 Momentan ass d’Handhabung e bessi ëmständlich. Et muss een

Gi mir mol een nom aneren duerch. Fir dest Aktioune kënnen duerchzeféieren, muss Du ageloggt sinn.

de Formulaire crééieren

  1. Naviguéier Am Adminberäich op Participants 3 -> Event management
    Participants 3 Eventmanagment
  2. Crééier een neien “Event” andeems Du d’Feld ausfëlls an op [create event] drécks
    Enter the title of the event

de Formulaire éditéieren

  1. Ënnert Participants 3 -> Event management misst eng Lëscht accessibel sinn. Do muss een dann den Titel vun dem Event uklicken, dat een éditéieren wëll. An eisem Beispill wier dat “Fussball 2013”.
    Click on the event you want to edit
  2. Da kann een verschidde Werter setzen. Mindestens deene folgenden sollt den Eventmanager séng Opmierksamkeet schenken:
    • Date limite (“Registration deadline is”)
    • De Numm vun dem, de sech umelt (Standard: Name)

    Weider Froen kënnen ënnert “free 1..7” gestallt ginn. Momentan gëtt et hei als eenzigen Datentyp den Text ënnerstetzt, dat hoffe mir awer dass et a spéidere Fassungen besser geléist get.
    Wichtig ass dobäi: fir all Feld dat benotzt gëtt muss ee Krop bei “activated” gemeet ginn!
    Obligatorisch auszefëllen
    Optional kann och nach eng Bestätigung per Email bäigeschalt ginn. Wann een dat uwielt, muss och d’Feld “email” aktivéiert ginn.
    optional Emailaddress

  3. Zum Schluss dann nach op de Knäppchen [save] ganz ënnen op der Säit drécken.
    the save button

de Code placéieren

Lo hu mir e Formulaire ugeluegt, da ginge mir en och gäre benotzen! Dozou musse mir de sougenannte Plugin-Shortcode2 duer plazéieren, wou de Formulaire an die matgeneréiert Lëscht herno soll hi kommen. Typischerweis am Beitrag zur Invitatioun zu deer Manif, oder am Kallennerantrach.
Dozou markéiere mir an eisem Beispill die Zeil mat [op3 h=”1369214815″] di mir ganz uewen fannen an drécken um Clavier +C.
formulaire-copy-lop3
Dann éditéiere mir de Posting oder de Kalennerantrag a plazéieren de Code mat +V dohinner.

  1. ee léisst sech och mat Béier bezuelen []
  2. fir déi di et interesséiert: Op der Plaz an der Dokumentatioun fir WordPress get de Shortcode méi genau erklärt []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.