Rapport vun der Assemblée générale 1999

le 26 avril, 1999

Léiw Komeroden!

Den 16.März 1999 ass eis Generalversammlung an der `Osteria del teatro’ ofgehäle gin.

De Präsident Jean Feyereisen huet ronn 30 Membere begréisst an huet uschléissend e Réckbléck op eis Aktivitéiten vun 1998 gin.
D’Joer 1998 war en lwergangsjoer an dém de Comité d’Relève un déi jonk Generatioun préparéiert huet. Allgeméng waren eis Aktivitéiten gudd besicht an hun mat der Agape am Casino zu Mondorf e flotten Ofschloss fonnt. Et waren no un 100 Leit déi de Wé dohi font haten an déi zesummen é fantasteschen Owend verbruecht hun.

Den Trésorier Marc Fischbach huet eis dunn en ausgeglachene Bilan vun de Finanzen prasentéiert. Et as gelongen eis Kés erêm e beschen opzebesseren an e Plus ze verbuchen.
Eis Aktioun vun de Memberskaarten huet erëm eng Parti Memberen méi an eise Klub bruecht sou dass mir warscheinlech desst Joer no un 300 ‘Membres payants’ komme waerten.

Duerno hun d’ Késserevisoren dem Marc Fischbach e Kompliment fir seng gudd Aarbecht em eis Finanzen gemâcht an der Assemblée virgeschloen him d’Décharge ze gin. D’Versammlung huet dunn och éstemmeg de Késserevisoren an dem Trésorier Décharge gin. Nodém also de Rapport vum Trésorier mat de Konten vun 1998 gudd gehéscht gi wor, ass d’Wiel fir d’Erneierung vum Comité erfollegt.

Eise langjahrege Pràsident Jean Feyereisen huet, wéi scho seit engem Joer ugekennegt, sei Mandat zur Verfügung gestallt an der Assemblée virgeschloen, dén énzege Kandidat fir des Charge, de Pit Jacoby als neie Präsident ze wielen wat dess dann och ‘par acclamatioun’ gemaach huet.

Well de Pit Jacoby ale Vize-Präsident war, huet d’Assemblée an der Persoun vum Philippe Louis en neien Vizepräsident gewielt.
Verschidde Memberen hun duerno dem ale Präsident é grousse Merci ausgedreckt an seng Verdéngschter em d’Unnäherung un, an d’Zesummenarbecht mat de jonken Studenten vum AVL gewierdegt. Et ass him ouni Zweifel gelongen vill nei jonk Leit fir eise Klub ze begéschteren wat sech och an der Zesummesetzung vum neie Komité erêmspigelt.

Dun huet och den neie Präsident d’Wuert ergraff fir dem Jang nach eng Kéier Merci ze soen an huet versprach hien op der nächster Agape ze feieren. Merci Jang !

De langeregen (ancien)Tresorier Guy Lessel dé leider net konnt an der Versammlung präsent sin, huet och sei Mandat am Komité der Jugend zur Verfügung gestallt.

Démissionnéiert aus Grenn vun ze vill grousser Aarbechtslâscht huet de Romain Feipel.

Folgend Memberen sin ausgetrueden a ‘par acclamation’ eremgewielt gin: Jean Feyereisen an Marc Fischbach.
Nei an de Comité gewielt: Jean-Lou Sales an André Detaille.
Als Késserevisoren si gewielt : Schlim Fernand an Proess Fernand.
Den nächste Punkt op der Dagesuerdnung wor eng Statutenännerung wéi si an der Invitatioun ugekennegt gin ass.
Geännert gin ass den Artikel 8, dén Zesummesetzung vum Comité régelt wéi follegt:

” L’Amicale est gérée par un comité, composé de 9 membres (proposéiert: 12 membres), à savoir: 1 président, lvice-président, 1 secrétaire, 1 trésorier, 5 membres (proposéiert: 8 membres).
Ceux-ci sont élus au scrutin majoritaire secret (proposéiert: secret oet gestrach) par l’assemblée générale annuelle. La durée de leur mandat est de 3 ans.
Le roulement est établi de manière qu’il sorte chaque année les 3 (proposéiert: 4) plus anciens membres. (év. Tirage au sort). Les membres sortants sont rééligibles.”

Dunn ass och den Artikel 12 dén als Datum fir d’Assemblée Générale de Mount Februar virschraiwt geännert gin an dem Senn dass de Februer duerch de März ersat get.
D’Statutenännerung ass à l’Unanimité vun der Assemblée ugeholl gin (30 Stemmen fir eng néideg Majoritéit vun 20).
Duerno sin d’Aktivitéiten vun 1999 präsentéiert gin:

16. März Assemblée Générale.
13. Mé Footing an der Stät (Kasematten, Fort Thüngen, Wenzel a Vaubanstour) mam Klaus Axmann (Invitatioun beiligend).
14.Mé Staffellaaf mam AVL
23. Juni Pique-Nique an der Waldschoul zu Esch mam Pit Jacoby.
A fixer Kélentournoi mam Fernand Weiland.
A fixer Fussballsmaetsch géint den AVL mam Jean Feyereisen 26. September Tennistournoi an der neier Tennishal zu Mutfert mam Marc Tock a Marc Fischbach.
13. November Agape wahrscheinlech am Interconti.

Eng weider Aktivitéit ass eis vun eisem Member Tom Welter proposéiert gin an mir kuken op et éventuel méigelech ass si nach an dem scho chargéierte Programm dëst Joer ënnerzekréien. Et handelt sech em eng `Journée velivole’ op der Flugpiste zu Useldeng wou eis Memberen e schéinen Dag mat Flugdäf am Segel a Motorsegelflieger verbrénge kënnten.
No engem gesellegen Owendiessen ass dess Assemblée op en Enn gangen
An senger éischter Comitéssetzung no der Assemblée Générale huet de nei gewielte Komité seng Chargen verdélt.
Den àle Präsident Jean Feyereisen ass éstemmeg zum Eierepräsident gewielt gin.
De Sekretär Marc Tock huet no elo 15 Joer d’Charge vum Sekretariat zur Verfügung gestallt an dem Komité virgeschloen am Senn vun der Erneierung a Verjüngung vum Komité é vun den neie jonke Memberen als Sekretär ze wielen.
No langem Hin an hier huet dun de Jean-Lou Sales d’Charge ugeholl an den neie Komité präsentéiert sech wéi follegt:

Président JACOBY Pit Arbed.
Vizeprésident PHILIPPE Louis Goblet-Lavandier
Sekretaer SALES Jean-Lou Goblet-Lavandier
Trésorier FISCHBACH Marc Arts et métiers Luxbg.
Neien Eiereprésident FEYEREISEN Jean CDC
Eiereprésident WEILAND Fernand Céramétal
Memberen AXMANN Georges Arbed
CHRISTIANSEN Jens Simon & Christiansen
DETAILLE Andre Paul Würth
GOEDERT Fraenz Amersil e.r.
KINSCH Paul Paul Wurth
TOCK Marc Céramétal

Et sollt hei un deser Platz dem ‘âle’ Sekretär erlabt sin dem neie Präsident éng glécklech Hand an der Lédung vun eiser Amicale, an dem neie Sekretär vill Erfolleg fir séng nei Charge ze wënschen. lech allen och e grousse Merci fir dé ville Pleséier dén dir mir am Laaf vun déne leschte 15 Joer gemaach hut an ech hoffen iech alleguer op eisen zahlreichen Aktivitéiten erem ze gesinn.
Fir de Komité
Marc Tock

Amicale des Anciens Etudiants de l’Ecole Polytechnique d’Aix-la-Chapelle
Boîte postale 52 L – 5801 Hespérange
Compte: BIL 7 – 100 / 5338 -2-

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.