Kuerzbericht vum Picnic/Grillfest 2018

Letzte Samschden war Nationalfeierdag, an d’Amicale huet op hieren traditionnelle Picnic geruff. Säit Joerzengten ass di gastrononmisch Form vun desem gesellschaftlichen Héichpunkt am Veräinsliewen allerdings éischter e Grillfest.
Dest Joer waren de Schrulli an de Piggel d’Grillmeeschteren:


Mir hunn d’Descher gerëscht, eis Dammen hunn d’Saloten bruecht, et guff gegrillt an du gebufft. Just den Apero hu mir missten ausfalen loossen, d’Leit haten eng Aversioun géint dat, wat mir kaaft haten.

No Kaffi konnten d’Kanner du mat dem Motorboot fueren. D’Banann war ersat géint ee Reef wou een drop leie kann, war méi secher. Vun den Erwuessenen ass dest Joer kee Waasserschih gefuer, a wann, dann hunn ech et nit mat kruet.

Do hu sech di éischt schon opgemeet.
De Carlo huet derweil di ganzen Zäit op säin Handy gekuckt, do ass Fussball gelaf. D’éischt duerchte mir, e willt sech just mat senger Bandbreed bretzen, mee dunn huet hien d’Televisioun entdeckt, an obwuel keng Antenn do war, hunn hien an de Pitti gewiesen, dass si jo awer Elektrotechnik studéiert hunn a krueten d’Maschinn un d’Lafen.

Dono hu mir dann nach opgeraumt.

Di folgend Memberen waren komm:
Suffi, Piggel, Wäissen, Richartz Carlo, Schmuelen, Hoschi, den Hond, klengen an groussen Heyni, Hansi, Spaus Anne, Dax, Schmit Pit, Elke, Thein Dan, Wiesel, Pitti, Sophie, Pauli, Schrulli, Dany.
Insgesamt 33 Erwuessener an 19 Kanner.

Op der nächster Säit kënnt Dir Iech dann d’Fotoën alleguerten ukucken:

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.