A-Z, Postkaarten a Gesang

Nodeems den AVLhistory lëschte Mount ganz vun statischen Säiten op den CMS vu WordPress ëmgestallt guff, konnten och e puer inhaltlich Verbesserungen gemeet ginn:

Méi Iwerssicht

D’Geschicht vun der Amicale aus denen letzte Joëren stellt sëch méi oder manner als eng Oofolleg vu quasi ëmmer deselwichten Manifestatiounen duer. Ennert “sommaire”, fand Dir lo d’Datummer, souwäit bekannt, a souguer zum Deel schon die aal Invitatiounen a listes de participations bis 1983! Fir déi méi jonk aal Oochener hält des Säit trotzdem die eng oder aner Iwerraschung bereet, etwa dass et bis 1989 een Ralley, a bis 1990 zweemol d’Joër Keelen gespillt guff.

Nei ass och d’Säit A-Z, wou versicht soll ginn, dem Visiteur all Aachen-relevant Stëchwierder wéi Agape, Rentnerweg oder Rull-de-Waak z’erklären.

Gesang

Deckblaat Tuutebatti1990 war och am AV d’Letzebuerger een revolutionärt Joër, daat vill Verännerunge mat sëch bruecht huet: De lukrative Bal guff neibeliewt, de Schwarzen Ender huet d’Zeitung Um Karel begrënnt (die do nach nit sou geheescht huet) ier en dem Kox’en Heng als Präsi nogefollegt ass, an de Sylvain Schranz huet säi Lidderbuch den Tuutebatti eraus ginn.

Bei der Geleenheet guff och nach d’Textheft zum Festkommers zum 25. Stiftungsfest vun 1922 an d’Netz bruecht, sou dass Dir iech lo ee gudd Bild maachen kënnt, waat fréier sou gesongen guff.

Diverses

  • PK Klopp 1922Munches dauert e bessi méi laang. Die kommentéiert Biller stinn nach ëmmer op wiesel.lu, mee e ganze Koup sinn mëttlerweil och op Aachen.lu. Ech wollt Är Opmierksamkeet nach eng Kéier op die schéin Postkaarten zéihen, die den AVL virum Krich eraus ginn huet.
  • Zu gudder letzt guff och nach d’Mitgliederliste vum Verein der Chemiker und Hüttenleute bis 1897.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.