Memberen

Wien ka Member ginn?

Eis Statuten erlaaben et eis, JIDDEREEN deen zu Oochen een akademischen Ofschloss op enger Oochener Héichschoul (RWTH, FH oder anerer) kruet huet als Member opzehuelen (article 5), a mir maachen dat och, soudann den Interesséierten eng Demande stellt.

  • Et muss een zu Studentenzäiten NIT Member vum AVL gewiecht sinn, an et muss een och nit “gedeeft” sinn. D’Zil vun der Amicale ass e geselligt Zesummesinn vun allen di zu Oochen waren.
  • Den Zesummenhang mat Letzebuerg ass dobäi sous-entendu, awer nit erfuerdert.

D’Amicale fördert den Akademîscher Verein d’Letzebuerger (AVL) zu Oochen. Dowéinst kann och deejeenige Member vun eis ginn, deen zwar keen Oochener Diplom huet, mee sech em den AVL oder d’Amicale verdingt gemeet huet. Z.B. well en zu Oochen am Studentecomité wor.

Wéi gëtt een Member?

  1. Wanns Du festgestallt hues, dass Du d’Conditiounen (kuck uewen) erfëlls, da maach einfach eng Demande bei eis a fëll eis dese Formulaire aus.
  2. Da muss ee Comitésmember Deng Demande iwwerpréifen, an Dech fräischalten
  3. Ganz wichtig: Da muss Du de Joeresbäitrach bezuelen. Iwwerweis einfach 15. Euro op ee vun eisen Konten.

    CCPL: LU82 1111 0443 2593 0000

    BILL: LU79 0027 1005 3380 0000

Memberslescht

Momentan hu mir 206 Memberen.

Ennersäiten

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.