Rapport vun der Generalversammlung 2017

Dest Joer hate mir eis Generalversammlung op den Iden des März 2017 geluegt. De Feedback op dem Sekretär séng Invitatioun an Restaurant Ultimo zu Mamer war enorm!

Participatioun

Ee neie Rekord guff gebrach: Nët manner wéi 31 Leit wore komm, an zwar 30 Memberen, an di nei Präsidentin vum AVL di mir invitéiert haten. Vun de Memberen hunn der just 13 jo bal missten, well si am Comité sinn oder als Keeserevisor zwangsrekutéiert woren. Sou vill waren dat der scho laang nit méi, wéi dese Graphique beweist.


Di folgend Leit waren do:
Michel Asorne, Gaspar Caroline, Guy Crusto, Andre Detaille, Daniel Erpelding, Christian Even, Christian Gatti, Michel Hansen, Guy Heuertz, Christian Joly, Alain Kieffer, Pierre Kugener, Guy Lux, Guy Mahowald, Joe Malget, Jacques Meisch, Heckel Michel, Paul Nathan, Tom Nickels, Christian Pauly, Louis Philippe, Elio Rerman, Michel Schon, Jhemp Schreiner, Sebastian Schumacher, Pierre Schweig, Jean-Marie Strasser, Philippe Theisen, Fränk Zenner, Ou-xi Zhan.
Ausserdem war nach d’Annick Hoffmann do, wat mir invitéiert haten, fir dass et kinnt de Programm fir d’Honnertzwanzegjoer Feier virstellen.

Oflaf

Allocution vum President


De Präsident huet bei senger Begréissung dann och gläich deen erfreelichen Emstand, dass sou vill Leit gekommen wieren opgegraff. Doduercher dass mir zu sou vill waren, hunn och vill Leit sech géigesäitig nit kannt. D’letzt Joer hat de Präsident dogéint een “Tour de table” ausgeruff, dat war dest Joër awer nit méiglich, well mir nit méi all rondrëm een Dësch gepasst hunn. De Präsident huet sech dorops hin mat engem Appel nominal wéi an der Schoul behollef.

120 Joer AVL

Well d’Annick deen Owend onbedingt nach wollt zréck op Oochen fueren, guff säi Bäitrag virgezunn an hatt huet d’Grondzich vun hierem Programm fir 120 Joer Feier virgestallt.

Aktivitéitsrapport vum Secrétaire

Du kruet de Piggel d’Wuert. Hien hat sech selwer gutt a fir d’Leit en DIN A4 Blat präparéiert, mat der Lescht vun den Aktivitéiten, di gelafen an di geplangten. Zu dem wat gelaf wor:

Datum Aktivitéit Remarque
08.03.2016 AG am Ultimo zu Mamer D’ass eng philosophisch Fro, ob een d’AG an d’Kompetenz vum alen, oder dem neie Comité gesäit.
05.05.2016 Trëppeltour zu Biekerech Den duerch d’Participatioun vun e puer jonken Alen um Landjugenddag ersat gi wor.
23.06.2016 Grillfest op Nationalfeierdag um CNL
25.06.2016 Fussball géint dei Jonk zu Lëntgen Anscheinend haten die Al mol eng Kéier gewonnen.
20.10.2016 Keelenowend zu Koplescht op der Bréck E Succès, wéi all Joer.
28.10.2016 Karting zu Grüfflingen War och am zweete Joer kee sou e grousse Succès, a wert dohier och nit widerholl ginn.
12.11.2016 AGAPE a Guddesch zu Biereng Wor e grousse Succès, verglach mat de Joeren direkt virdrunner, well nees méi Leit koumen, och wa mir un d’Zuelen vu virun 20 Joer nit kënnen uknäppen.

De Bilan aus der Siicht vum Trésorier

Dunn huet den neie Keessier Schrulli säi éischte Rapport virgeluegt. An der Form vun der Duerstellung ass hien dem Tom sénger laanger Traditioun trei bliwwen, et guff awer eng gewëssen Akzentverschiebung.
Wie do war, weess wat ech mengen, wien et nit versteet, soll op di nächste Versammlung kommen a froen; dest hei ass een öffentlichen a keen interne Rapport!
;-)
Als Keeserevisor war den Ouschi do, deen sot, hien a säi Kolleesch Waringo, dee leider nit hat kënnen op d’Versammlung kommen, hätten d’Kees gekuckt a wieren dermadder averstanen, si hätt kee Feeler.

Décharge vum Comité fir den Exercice 2016

D’Versammlung huet se par Acclamation ginn.

Wal vun de Comitésmemberen.

Folgend Memberen waren “sortants a rééligibles”: Michel Asorne, Jens Christiansen, Christian Even, Louis Philippe a Pierre Schweig.
Bis op de Jens, vun dem mir kéng Réckmeldung haten, waren se all bereed hier Mandat ze verlängeren.
De Präsident huet gefrot, op nach weider Leit bereed wieren am Comité matzeschaffen, och wann d’Statuten dat eigentlich nit gingen hier ginn. Et guff keng Kandidaturen, also guffen just Asorne, Even, Philippe a Schweig an hierem Amt bestätigt.
De Moderator huet nach dem Jens seng Verdingschter ëm de Veräin ervirgehuewen, vun deenen mit ëmmer nach profitéieren well di vum Jens gegrënnte Firma Simon et Christiansen bezillt eis nach wie vor de Courrier, wat vun der Versammlung mat Applaus begréisst gouf.

Virschau op d‘Aktivitéiten fir d‘Joer 2017

Dono huet de Sekretär d’Wuert nach eng Kéier kreut an huet de provisorische Programm fir 2017 virgestallt:

15.03.2017 AG am Ultimo zu Mamer
16.-18.06.2017 120 Joer AVL zu Oochen
23.06.2017 Grillfest op Nationalfeierdag um CNL
Juni/Juli 2017 Fussball géint dei Jonk
Oktober 2017 Keelenowend
11.11.2017 AGAPE a Guddesch zu Biereng

Verschiddenes

Dono konnten nach Froen gestallt ginn, et war awer lo kéng derbäi, di an een öffentlichen Rapport dragehéiert.
De Präsi huet dunn den offiziellen Deel zougemeet, et guff giess, gdronk a gepotert.
Hei nach e puer weider Fotoën vum Owend.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.