Gebrauchsanweisung am Opbau

Säit ech an de Comité gewielt gouf, war ech Webmaster vun der Amicale, an zwar ganz eleng. Wuel hat ech schonn 2005 op ee System gewiesselt, mat dem et méiglech gouf fir dass méi wéi een Auteur kinnt Saachen op de Site setzen, bis op e puer luewenswäert Ausnamen ass et awer derbäi bliwwen, dass d’Leit mär hier Saache ginn hunn, fir dass ech se an hirem Numm soll op de Site setzen. 2006 hunn ech zousätzlech nach Gestioun vum Membersfichier iwwerholl. Op der letzter Comitéssëtzung hu sech dann endlech zwee (nei!) Memberen erbaarmt an iwwerhuelen zu menger Entlaaschtung an Zukunft Deelchargen aus dem Beräich vum Webmaster:

  • De Chris wäert Gestionnaire du fichier ginn
  • An de Piggel iwwerhëlt et an Zukunft derfir ze suergen, dass eise Kalenner gepflegt gëtt an dass een sech ka fir d’Versammlungen umellen.

Wuel hat ech ëmmer nees d’Iddi fir eng Dokumentatioun vum Site fir mäi potentielle Nofolger z’erstellen, an hunn ëmmer nees vereenzelt Texter dozou erausginn. Wëll dat awer vill Aarbecht bedeit, ass et ni ee richtegt Stéck ginn. Lo gouf et duerch des Offerte fir matzeschaffen dann awer héich Zäit fir mäi Wëssen weider ze ginn, op mannst mol fir domat unzefänken. Dowéinst hunn ech di Säit “Help1mat verschiddenen Ënnersäiten am Stil vu deenen op anere Site sou beléiften FAQ ausgebaut.
help
Villäicht wier et an dem Zesummenhang gutt fir d’Konzept vun dëse Site wéi et sech lo etabléiert huet, mol eng Kéier virzestellen. Ech kopéieren dozou eng FAQ an dësen Bäitrag:

D’Elementer op der Startsäit

De Layout vun der Säit Aachen.lu wann een se oprifft huet folgend Elementer:
Oberflaechenelemente2013
Vun uewen no ënnen:

  1. Eng Sichfënster: einfach de Begrëff aginn an Enter! Einfach ze handhaben, et fënd een awer selten dat wat ee sicht,
  2. Een Headerbild zu Aachen- oder Amicale-spezifischem Themen. Wiesselt bei all Neiopruff vun der Säit nom Zoufallsprinzip,
  3. Des Leescht hëlleft fir duerch di hierarchisch geglidderte Pages ze navigéieren,
  4. Postings,
  5. Di nächste Manifestatiounen vun der Amicale,
  6. Links op wichtig Säiten (Pages) vun der Amicale.

Wann een erofscrollt hu mir weider ënnen am Bild weider Elementer:
Elementer-footer
Dest sinn:

  1. D’Stechwierder, genannt Tags, déi de Postings kënnen ugehaangen ginn
  2. D’Kategorien an déi d’Postings faalen
  3. Vun der Amicale recommandéiert extern Linken
  4. Zougang zur Login-Fenster, bzw. op d’Kommentairen etc.
  5. Zougang zu enger klénger Statistiksäit

Als lescht Element hu mir, wann een d’Startsäit (home) verlooss an op enger Ënnersäit oder engem Posting steet, dann nach

  1. de sougenannten Navigator

oberflaechenelement-page-navigator

Dese reproduzéiert e bëssi d’Adressfeld vum Browser a bitt eng einfach Méiglechkeet fir op d’ Elteresäit vun enger bestëmmte Säit (Page) ze kommen.

Lo wou mir D’Elementer all virgestallt hunn, loost mir kuerz op di verschidden genannten Datentypen agoën:

Kalenneranträch

Di fënd een, wéi beschriwwen op Positioun 5. Wa kéng do stinn, dann ass bestëmmt Ufank vum Joer an d’goufen nach kéng Versammlungen festgeluegt.
Op der Säit “Kalenner” fënd een nach weider Datummen mat Veranstaltungen, di eis Membere kinnten interesséieren.
kalenner-categories

Wéi eng Säiten (Pages) behandele wat?

Sämtlich Säiten sinn Ënnersäiten vun aneren, ausser de folgenden “Elteresäiten”:
parent-pages

  1. D’Säit “Home” ass kéng echt Säit, mee einfach d’Startsäit (Homepage) http://test.aachen.lu.
  2. Di dräi éischt Säiten Blog Archiv, Kalenner a Photoën, berichten iwwert eis Aktivitéiten. Denken d’Titele si selbsterklärend
  3. Amicale a Memberen behandelen de Veräin un sech,
  4. AVLhistory verzielt d’Geschicht vun de Lëtzebuerger Studenten zu Oochen
  5. bei Impressum an Help geet et ëm dese Website unsech.
    Wann ee mat der Struktur vum de Säiten vertraut ass, kann ee mat der Navigatiounsleescht ganz einfach op di Säit kommen, andeem een einfach mat der Maus driwer fiert a kuckt, wéi eng Säite sech opklappen.
    Beispill fir de Navigator, mir versichen de Comité vum AVL 2011 eis unzekucken
    Beispill fir de Navigator, mir versichen de Comité vum AVL 2011 eis unzekucken

    Verschidde Methoden, fir d’Blogbäiträg unzeweisen

    Blogbäiträg, oder Artikelen stellen dat dynameschsten Element vun dësem Site duer. Z.B. all Kéiers wa mir ee Courrier mat Invitatiounen, oder ee Rapport eraus ginn, gëtt deen och als Blogbäiträg online gestallt. All Kéiers, wann ee Artikel geschriwwe gëtt, kënnt deen uewen hi stoen, an ënnen fält een eweg. Um déi kënnt een awer nach mat dem Link “older posts” drun. Alternativ Methoden sinn di folgend:

    1. D’Säit Blog Archiv get eng Tabell mat allen Bäiträg (Feld 3)
    2. Oder Et kann een se no bestëmmte Themen (categories) uweisen loossen (Feld 7)
    3. oder Stéchwierder (tags) uweisen loossen (Feld 8)
    1. Ech hat schon den 12. März 2009 eng Kéier ee Versuch gestartet []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.