Rapport vun der Generalversammlung 2015

Den 18. März wor eis Generalversammlung, op déi eisen neie Sekretär den 4. März ons an den Ultimo op Mamer geruff hat. Di folgend Leit hunn drun deelgeholl:
Jean-Louis Sales, Guy Lux, Jean-Paul Schreiner, Pierre Schweig, Christian Even, Marc Fischbach, Marc Tock, Pierre Legille, Guy Heuertz, Pierre Jacoby, J.P. Walentiny, Jean Feyereisen, Charles Grethen, Louis Philippe, André Detaille, Michel Asorne, Philippe Gengler, Francis Goedert, Tom Nickels an ech sot de Géck, Daniel Erpelding.
Des Versammlung huet dee folgende Verlaf geholl:

Allocution vum President

Zunächstwollt de Präsi partout nit erbäi kommen, sou dass säi Vize sech schon huet missen präparéieren fir anzesprangen. Dunn huet e sech mat méi wéi enger véierel Stonn Verspéidung dunn awer an d’Versammlung geschleeft hat huet se mat der formeller Begréissung vun alle Leit di komm waren opgemeet. Nach hallef erkaalt wéi e war, huet hien seng Ried ausgesprache kuerz gehalen, just erklärt dass hien véier Comitésversammlungen aberuff hat, an zwar

  1. eng den 2. Mee 2014,
  2. nach eng de 4. Juni 2014,
  3. di vum 18. September 2014
  4. an nach déi vum 12. Februar 2015

an huet wéi ofgemeet d’Wuert un de Piggel säi Sekretär weiderginn, denn dann den eigentlichen Aktivitéitsbericht virgedroen huet.

Aktivitéitsrapport vum Secrétaire

Besser präparéiert war do schon dee genannte Sekretär, hien hat fir d’Leit eng kléng Lëscht mat eise Manifestatiounen vun 2014 zesummegestallt. Ze soen hat hien eppes zu deene folgende Veranstaltungen:

20.03.2014 Assemblée Générale 2014 am Ultimo zu Mamer
28.05.2014 Karting zu Grüfflingen (Dat war leider näicht ginn, ze wéinig Leit hate sech ugemellt)
23.06.2014 Grillfest op Nationalfeierdag op der Drëps, dat war gutt besicht wéi ëmmer
12.07.2014 Fussball géint di Jonk zu Mamer, just 8:0 verluer!
14.10.2014 Keelenowend an der Conter Stuff, do guff et gudde lëtzebuerger Kascht!
15.11.2014 Agape a Guddesch zu Biereng. Do ware mir, no 5 Joër ëmmer zu Mondorf mol ërem eng Kéier op engem neie Site.

De Bilan aus der Siicht vum Trésorier

Den Tom konnt och dest Joer, souwuel vun de Keeserevisoren Charel Grethen a J.P. Walentiny, an dunn och vum Walvollek den OK a Luef fir seng Aarbecht kréien. Hien huet och ee Blat mat sengen Zuelen verdeelt, di wuel goutéiert goufen.

Décharge vum Comité fir den Exercice 2014

Di kruet de Comité par Acclamation.

Wal vun de Comitésmemberen.

Dest Joer waren di folgend Memberen sortants a rééligibles:

  1. Guy Lux,
  2. Jean-Louis Sales,
  3. Jean Feyereisen,
  4. an Marc Fischbach.

Derweil d’Kolleegen Lux a Sales sech direkt bereet erklärt haten fir et nach eng Kéier véier Joer1) ze maachen, hunn de Marc Fischbach an den Éierepräsident Jean Feyereisen gesot, si wieren lo laang genuch derbäi a ginge léiwer fir méi Jonker Plaz maachen. Mat groussem Bedaueren hu d’Versammlung si du goën gelooss.

De Marc Fischbach

War säit 1987 am Comité an huet 1995 d’Kees vun eisem Kolleeg Guy Lessel † iwwerholl, de lo virun e puer Deeg gestuerwen ass. De Marc huet d’Kees du bis 2002 weidergefouert, wou hien se un den Tom iwwerginn huet.

De Jean Feyereisen

De Jang war souguer säit 1976 ouni Ënnerbriechung am Comité a war dommadder den Dingschteelsten2. 1986 hu seng Kolleegen hien zum Vizepräsident bestëmmt an 1988 guff hien zum Präsident gewielt an domadder de Nofolger vum 2011 verstuerwenen, onvergiessen Fernand WEILAND alias Kiischti. Den Héischpunkt vum Jang séngem laange, segensräiche Wierken als eisen éischten Mann war sécherlich d’Honnertjoerfeier vum AVL 1997. D’Joer drop huet hien dunn d’Présidence un de Pit Jacoby ofginn.

De Philippe Gengler

hat sech als Jonken, frëschen neien alen Oochener op d’Generalversammlung getraut a guff, enger aler Oochener Traditioun folgend och prompt an de Comité opgeholl. Komplett onerfueren ass hien allerdings nit, hien war 2009 Sportsminister am AVL.

Virschau op d‘Aktivitéiten fir d‘Joer 2015

Nodeems dat schwéierst gepackt war, huet de Präsident nach de Programm fir d’nächst Joer virgedroen a war frou, dass säi fläissige Sekretär dat op dem Ziedel deen ausgedeelt gouf, scho virgesinn hat.

Btw. Dese Rapport konnt aus Zäitgrënn erréicht laang no der Versammlung erstallt ginn. Op der Versammlung war verschiddenes anescht virgesinn, z.B. een aner Datum fir de Football, den Datum fir d’Generalversammlung lung nach nit fest, virgesinn wor d’Grillfest op der Drëps, etc. Fir d’Lieser lo awer nit ze verwirren an ee kohärente Kallenner kënnen ze präsentéieren, gëtt deen Ëmstand an der folgender Lescht ënnerschlo:

21.05.2015 Karting zu Grüfflingen
20.06.2015 Fussball géint di Jonk zu Mamer
23.06.2015 Grillfest op Nationalfeierdag
15.10.2015 Keelenowend zu Kopplecht
07.11.2015 Agape a Guddesch zu Biereng
08.03.2016 Assemblée Générale 2015, wahrscheinlichst nees am Ultimo zu Mamer

Ze erklären waren nach zwee Punkten:

  1. Well d’Gemeng Mamer een neit Gemengereglement huet, wat et nit méi erlaabt, méi wéi 6 Méint am viraus d’Drëps ze reservéieren, hate mir si nit virum 23. Januar kenne reservéieren, a wéi mir et am Februar versicht haten, war schon ee méi séier gewiecht.
  2. De Pit huet ugemierkt dass de Plang bedauerlicherweis mat der Traditioun, fir ëmmer deen zweete Samschden am November d’Agape ze halen ging briechen, well vill Leit sech dorops agestallt hätten. De Präsident huet dunn ausgefouert, dass dest een Iertum bei der Planung wier: hei hat een de Kallenner falsch gelies an deenen anere war et nit opgefall. Et sollt allerdings no der Versammlung nit méi méiglich sinn, den Termin ze réckelen, well da schon een aner Club de Sall reservéiert hat.

Verschiddenes

Beim desem Punkt guffen Themen behandelt, di sou speziell “aal Oochener” sinn, etwa de Sujet wou nëmmen d’Schäissbuch aus den 1960er Joeren verbliwwen wier, dass si nit kënnen an enge öffentlich liesbare Rapport wéi desen opgeholl ginn.

  1. sou laang dauert an der Praxis ee Mandat bei der Amicale, och wann d’Statuten der just 3 virgesinn :- []
  2. Dat ass elo de Marc Tock, dee säit 1983 am Comité ass []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.