Mir sinn op d’Ponttor den 28. Juni invitéiert

Di Deeg huet de Präsident Gérard Gelz vum Comité vum AVL bei mir gemellt a bei deeër Geleenheet geschriwwen:

Heimat géing ech och Gären all d’Ancienen op Ponttorfeier, déi den 28.06.2018 am Forum M ass, alueden. Dat ganzt geet um 18h mat de Partnervirträg un an déi wäerten bis ongeféier 20h daueren. Mir géingen eis freeën vill Ancien do begréissen ze kennen.

Also och wann et ëmmer nach “Ponttor” heescht, et ass nit an der Stadpuart, mee am

Forum M
Buchkremerstraße 1

(dat ass iwwert der Mayerschen. Dir musst de Lift huelen.

Weider Detailler op dem Site vun deene Jonke: https://www.avl.lu/#link=news

Mir vun der Amicale ënnerstetzen dat och. Ausser mir selwer weess ech och nach vun dräi weideren alen Oochener dass si higinn, zween allerdings “au frais de la princesse”. Dofir mussen sie dann e “Partnervirträg ” halen :-)
Dierft e flotten Owend ginn, sou wéi d’letzt Joer. Ech freeën mech och schon op de berühmte Männerchouer!

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.